Konferenz Amnesty Lëtzebuerg a CPJPOHëlleft Lëtzebuerg Verstéiss géint Mënscherechter ze finanzéieren?

Dany Rasqué
Et wier wichteg, fir eng responsabel Finanzplaz ze hunn, heescht et op der Konferenz. An do wier d'Politik elo gefuerdert.
Manifestante bei enger "Save Gaza"-Maniff am Oktober 2025 um Kierchbierg.
© Domingos Oliveira

Genocide vu Palästinenser / Reportage Dany Rasqué

Amnesty International Lëtzebuerg an de Comité pour une paix juste au proche orient haten e Méindeg eng Konferenz organiséiert op där et ëm d'Fro goung a wéi wäit déi wirtschaftlech Relatioune mat Israel riskéieren Handlungen z'ënnerstëtzen, déi géint d'Vëlkerrecht verstoussen. Deel vun där Konferenz war och eng Table Ronde op där d'Israeli Bonds am Mëttelpunkt stoungen.

Dat sinn israeelesch Staatsobligatiounen an den éischte September zejoert huet d'Finanzopsiicht CSSF jo gréng Luucht ginn, fir datt déi Obligatiounen um europäesche Marché kënnen ugebuede ginn. Dat gouf a gëtt zum Deel schaarf kritiséiert, well mat deene Suen Attacken an e Genozid un der palästinensescher Populatioun géife finanzéiert ginn. Den Henri Grün vum Comité pour une paix juste au proche orient.

"Wéi och d'Ekonomisten hei erkläert hunn, déi israeelesch Ekonomie ass esou mat der Occupatioun a mat der Krichsindustrie verbonnen, natierlech kann een net soen, déi do 10.000 Euro oder Dollar, déi sinn elo an déi do Munitioun gaangen, mä et kann ee ganz kloer soen, datt allgemeng gesinn, déi Suen an d'israeelesch Krichsindustrie ginn."

Dat ass och fir den LSAP-Deputéierte Franz Fayot net acceptabel. Hie war ee vun den Invitéen op der Table Ronde virop well hien d'Cellule scientifique vun der Chamber gefrot hat, z'analyséieren, a wéiwäit Lëtzebuerg dem internationale Recht no fir dat israeelescht Handelen an de besate Palästinenserterritoire ka responsabel gemaach ginn.

"Ech mengen, dat ass wierklech de grousse Problem hei, datt Lëtzebuerg iwwert seng grouss Finanzplaz Finanzementer matmécht, sief et iwwer Fongen, sief et iwwer déi israeelesch Obligatiounen, déi et am Fong erméiglechen dee Krich, déi Koloniséierung vun den Israeelie géint d'Palestinenser weider z'erméiglechen."

Och de Jean Louis Zeien vun der Initiative "Devoir de vigilance" war op d'Table Ronde invitéiert an huet do ënnerstrach, datt een och handele muss, wann een d'Aen opmécht. Hien huet eng Ausso vum Ausseminister Xavier Bettel opgegraff, dee rezent gesot huet, datt dringend misst gehandelt ginn.

"An dat ass och richteg esou an dowéinst huet e gesot 'Mir mussen eis Aen opmaachen'. Ganz d'accord, mä et geet net duer eis Aen opzemaachen, well wann ech meng Aen opmaachen, da gesinn ech eppes, a wann ech dat gesi wat do ofleeft, da muss gehandelt ginn. Wie muss hei zu Lëtzebuerg handelen? Mä et ass ganz kloer, d'Politik ass gefrot. D'Politik ass déijéineg, déi de Kader setzt a mir kréien an deenen nächste Méint hei zu Lëtzebuerg d'Geleeënheet, fir Neel mat Käpp ze maachen, fir datt mer net bei Wierder bleiwen, mä fir datt mer 'Taten folgen' loossen."

De Jean-Louis Zeien fuerdert staark Gesetzer, déi och de Finanzsecteur responsabiliséieren, fir datt keng Verstéiss géint d'Mënscherechter finanzéiert ginn. Eng Geleeënheet wier d'Ëmsetze vun der europäescher Direktiv iwwert d'Liwwerketten.

Déi ganz Konferenz mat all den Experten an der Table Ronde op Englesch fënnt een nach eng Kéier um Youtube Kanal vun Amnesty Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO