
Manner Iwwerpréiwe vun der Ëmwelt an et gëtt am Supermarché net méi verflichtend, fir drop hinzeweisen: D’EU wëll hir Reegele fir den Ëmgang mat bestëmmte Produiten aus der Gentechnik méi labber maachen. De Rot vun de 27 EU-Länner huet d’Ännerungen e Freideg mat enger knapper Majoritéit ofgeseent. D’Zoustëmmung vum Europaparlament steet awer nach aus, ma wéi et schéngt, kéint sech do eng Majoritéit aus Liberalen, Konservativen an de méi rietse Fraktioune fannen.
D’EU wëll d’Virschrëfte fir den Asaz vum sougenannten “Neie Genomesche Verfaren”, kuerz NGT, däitlech méi labber maachen an dofir zou Kategorien fir genetesch verännert Planzen aféieren. An der éischter Kategorie sollen Aarten, bei deene just limitéiert genetesch agegraff gouf, wéi zum Beispill duerch d’"Gen-Schéier” Crispr-Cas kommen. Fir Planze mat méi genetesche Verännerungen, also der zweeter Kategorie, solle weider déi streng Virschrëfte gëllen.
Bei der Entwécklung vun neien Zorte kéint d’Gentechnik doduerch däitlech méi heefeg an den Asaz kommen. Doduerch erhoffe sech d’Supporter vun dësem Schratt, datt nei Planzen, déi sech besser un déi klimatesch Verännerungen upasse kënnen, manner Waasser brauchen oder méi resistent géintiwwer Krankheete sinn, erauskomme kënnen. Si argumentéieren, datt dës Agrëff eng u sech traditionell Ziichtung just beschleunegen.
Liewensmëttel soll keng Hiweiser méi kréien, wa si gentechnesch verännert Planzen aus der 1. Kategorie enthalen. Just nach de Som soll gekennzeechent bleiwen.
Bis ewell hu gentechnesch verännert Zorte virun enger Autorisatioun opwenneg op méiglech Risike fir d’Ëmwelt gepréift ginn. Dës Risikoprüfunge sollen no der Reform ewechfalen. An der Biolandwirtschaft sollen awer weider gentechnesch verännert Aarte net agesat ginn.
Allerdéngs kéint et fir Planzen vun der éischter Kategorie an Zukunft keng sougenannt “Noweisflicht” méi ginn. Bis ewell huet déi komplett Liwwerkette misste kënnen zeréckverfollegt an dokumentéiert ginn. Esou wäit, datt huet dobäi misste stoen, wéi ee Landwirt se op wéi enge Flächen ugesat huet. Ouni dës “Noweisflicht” konnten déi nei Zorten duerch de Wand op Felder vun anere Betriber kommen, déi selwer keng Gentechnik notzen, ouni datt déi et mierken.
D’EU wëll Patenter op déi nei Zorten an Technologien erlaben. De Kompromëss gesäit eng Datebank vir, an där all d’Patenter op Gentechnik-Methoden a Som hannerluecht ginn. Esou soll d’Gefor vum Hiersteller vum Som verréngert ginn, datt dësen Patenter ouni et mat Absicht ze maachen, net anhält an dofir verklot gëtt.
Méi EU-Länner an Europadeputéiert haten an der Verhandlungen hir Bedenken geäussert, well d’Lag vum Patentrecht net gekläert wier. Si hu gefaart, datt grouss landwirtschaftlech Betriber sech d’Patenter sécher kéinten a mëttelstänneg Hiersteller vu Som eidel ausginn. D’Kritiker konnte sech awer net duerchsetzen. Den Diplomaten no huet d’EU-Kommissioun eng Erklärung ofginn, an där si de klengen a mëttelgrousse Betriber hir Ënnerstëtzung zouseet. De Text vum Gesetz gouf awer net ugepasst.