
Dat franséischt Parlament huet en Dënschdeg en Noutgesetz gestëmmt, fir den aktuelle Budget op Ufank nächst Joer ze iwwerdroen. No der Assemblée nationale, déi am Nomëtteg unanime dofir gestëmmt hat, huet um Owend och de Senat fir d’Gesetz gestëmmt. D’Loi d’urgence, déi vun der Regierung Lecornu presentéiert gouf, krut keng Géigestëmmen. Just d’France insoumise huet sech enthalen. Eng rar Geschlossenheet am franséische Parlament. Awer wuel just fir eng kuerz Zäit.
Iwwer zwee Méint haten d’Deputéiert iwwer de Budget debattéiert, konnte sech awer net op e Kompromëss eenegen. D’Diskussiounen iwwer de richtege Staatsbudget ginn uganks vum neie Joer weider. Se dierften net méi einfach ginn.
Mat der Loi d’urgence kann de Staat weider Steieren anzéien a Beamte bezuelen. Et kënnen awer keng zousätzlech Depensë gemaach ginn, wéi se ënner anerem fir d’Verdeedegung geplangt sinn. Och nei Spuermesurë sinn eréischt mat engem neie Budget méiglech.
“Mir mussen der Natioun esou séier wéi méiglech, nach am Januar, e Budget virleeën”, sot de President Macron senger Regierungsspriecherin Maud Bregeon no bei der Sëtzung e Méindeg den Owend betount. Dëse Budget misst “d’Defizitzil vu fënnef Prozent anhalen an eis Prioritéite finanzéieren”, huet de Macron erkläert.
D’Ministesch fir de Budget, d’Amélie de Montchalin, hat d’Käschte fir e Verréckele vum Budget ëm bis zu zwee Méint virdrun op zwielef Milliarden Euro geschat.
Wärenddeem ginn et ëmmer méi Leit, déi den Asaz vum Artikel 49.3 verlaangen, mat deem de Budget ouni Vott kéint gestëmmt ginn. Dofir misst d’Regierung dono awer e Vertrauensvott iwwerstoen. De Premier Lecornu hat sech allerdéngs verflicht, den Artikel net anzesetzen, mat deem déi lescht zwee Joer de Budget schonn duerch d’Parlament bruecht gi war.
De Lecornu wier weiderhin “iwwerzeegt”, datt am Januar e Kompromëss erreecht kéint ginn, “wa politesch Calcul op der Säit gelooss gëtt, d’Parlament seng Responsabilitéit wouerhëlt an d’Regierung dat och mécht”.
Mëtt Oktober hat de Lecornu seng éischt Propos fir de Budget presentéiert, mat där hien den Defizit op 4,7 Prozent vum PIB erofsetze wollt. A senger rezentster Fassung wier et en Defizit vu 5,3 Prozent. Aktuell leien d’Scholde vu Frankräich op enger Rekordhéicht vun 3,5 Billiounen Euro, wat 117 Prozent vum PIB entsprécht. Fir 2025 gëtt mat engem Defizit vu 5,4 Prozent gerechent.