Vill vun hire Geldquelle sinn a leschter Zäit drastesch zeréck gaangen. Dowéinst fänkt den IS elo un, Läiche vu kurdesche Kämpfer ze verkafen.

Den Dschihadiste vum Islamesche Staat ginn den Ament d'Suen aus. Bis lo hunn d'Extremiste mat Petrol, Antiquitéiten an Erpressunge Geld gemaach. Mä wéinst den Attacken vun der Koalitioun ass e gudden Deel vum Akommes ewech gefall.

An och d'Baisse vun de Petrols-Präisser huet hir Repercussioune fir den IS. Engem Bericht vun der "Frankfurter Allgemeinen" no handelen d'Extremisten dofir elo mat de Läiche vun kurdesche Kämpfer. Bis zu 20 000 Dollar froe se fir eng Läich.

Datt den IS awer och mat Organer soll handelen, wier éischter onwahrscheinlech. Den islamesche Staat hätt Experten no net déi néideg Equipementer dofir.

Et si rëm schlëmm Biller déi d’Terroriste vum IS elo diffuséiert hunn. Wei den amerikaneschen Zentrum fir d’Iwwerwaachung vun islamisteschen Site seet, gesäit een am Video 21 Geiselen, déi a Käfege gefaange sinn. D’Sequenz gëtt ëmmer nees vun Biller ënnerbrach, déi den Jordaneschen Pilot weisen, deen am Januar an engem Käfeg lieweg verbrannt gouf.

D’Majoritéit vun de Geisele si Peschmerga Kämpfer, déi den 31. Januar bei Kirkouk am Irak gefaange goufen. Ënnert den Gefaangene sinn och 2 Offizéier aus der irakescher Arméi an dräi Polizisten.