Et war ee mysteriéisen Iwwerfall en Donneschdeg den Owend an engem Altersheem fir pensionéiert Mënche bei Montpellier.

Ee Mann, dee maskéiert war, ass an d'Institutioun eragaangen an huet fir d'éischt eng Gardienne iwwerwältegt an d'Fra dunn erstach.

Spezialunitéite vun der Gendarmerie hunn dat ganzt Areal ronderëm d'Altersheem duerchsicht. Vum Täter feelt awer all Spuer. Déi ronn 60 Pensionäre goufen all a Sécherheet bruecht.

Déi zoustänneg Präfektur huet déi bluddeg Dot als ee kriminellen Akt bezeechent. Een terroristeschen Hannergrond wier éischter onwahrscheinlech, heescht et vun den Enquêteuren. Et huet sech wahrscheinlech ëm een Eenzeltäter gehandelt.

Hie soll mat engem Messer a mat enger Flënt arméiert gewiescht sinn, déi ofgeseet war. Iwwert d'Motiv vun der Dot ass nach näischt gewosst.