
D'EU-Gesondheetsagence ECDC mellt Rekordwäerter bei Syphillis a Gonorrhö, also Tripper, fir d'Joer 2024.
Chlamydien bleiwe mat 213.443 Fäll déi Infektioun, déi am dackste gemellt gëtt. Bei Gonorrhö/Tripper goufen 2024 deemno 106.331 Fäll registréiert, wat e Plus vun 303 Prozent zanter 2015 ass. D'Fäll vu Syphilis hu sech mat 45.577 Fäll méi wéi verduebelt.
Hei am Land gouf et bei der Syphillis 15 Fäll op 100.000 Awunner a beim Tripper waren et 86 Fäll op 100.000 Residenten.
Der ECDC no wieren déi allermeescht Fäll einfach ze verhënneren, andeems ee Kondomer benotzt.