DäitschlandAll 5. Corona-Patient, deen am Spidol war, ass gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Bei Patiente mat Beootmung louch d'Stierflechkeet bei 52%, bei deenen ouni bei 16%.

Dat geet aus enger Analys vum wëssenschaftlechen Insitut vun der Krankekeess AOK, der däitscher interdisziplinärer Vereenegung fir Intensiv- a Noutfallmedezin an der technescher Universitéit Berlin ervir.

Hannergrond fir déi vill Stierffäll bei Patienten, déi beotemt hu misse ginn, si wéi et schéngt Begleeterkrankungen. Dobäi kéim awer och en héijen Alter an de Fait, datt Patienten un enger Beootmungsmaschinn méi laang am Spidol musse bleiwen.

Fir d’Etüd goufen Donnéeë vun 10.000 Covid-19 Patienten analyséiert, déi tëscht dem 26. Februar an dem 19. Abrëll an 920 Spideeler an Däitschland traitéiert goufen.

Back to Top
CIM LOGO