
En Dënschdeg an e Mëttwoch wäerten d’Ukrain, Russland an d’USA zu Genf eng weider Kéier iwwert een Enn vum Krich an der Ukrain beroden. Am Virfeld vun deene Gespréicher huet Moskau d’Iddi lancéiert, fir d’Ukrain ënnert d’Kontroll vun enger internationaler Iwwergangsverwaltung ze stellen. Russland wier bereet, mat den USA, Europa an anere Länner iwwert eng extern Verwaltung ze schwätzen, esou de Vizeausseminister Galusin vis-à-vis vun der russescher Noriichtenagence Tass.
Esou kéinten demokratesch Walen an der Ukrain erméiglecht ginn. Mat enger neier Regierung kéint dann iwwert ee Friddensvertrag an d’Zesummenaarbecht an der Zukunft geschwat ginn.
Russland bezeechent den ukrainesche President Selenski ëmmer nees als illegitim. Deen hat op der Sécherheetskonferenz zu München gesot, datt ee virun enger Wal op mannst wärend zwee Méint eng Wafferou bräicht.