LibanonIsrael huet Ziler vun Hisbollah attackéiert

RTL Lëtzebuerg
Ob et bei der Attack Affer gouf, ass aktuell nach net bekannt.
Eng israeelesch Attack am Libanon am September 2024
Eng israeelesch Attack am Libanon am September 2024
© Photo by MOSTAFA ALKHAROUF / ANADOLU / Anadolu via AFP (Archiv)

Déi israeelesch Arméi huet eegenen Aussoen no Ziler vun der islamistescher Hisbollah-Miliz am Libanon ugegraff. Dobäi wiere Waffelager a Rakéitewerfer viséiert gewiescht. Ob et bei de Loftattacken och Affer gouf, ass net gewosst. Zanter November 2024 gëtt et eng Wafferou tëscht Israel an der Hisbollah. Am Fong soll d’Miliz am Kader vun deem Ofkommes hir Waffen ofginn, dat ass bis elo awer net geschitt. Dowéinst gräift Israel trotz der Wafferou quasi all Dag Ziler am Nopeschland un. Zanter November 2024 sinn dobäi laut de libaneseschen Autoritéite méi wéi 300 Leit gestuerwen, dorënner méi wéi 100 Zivilisten.

Back to Top
CIM LOGO