Russesche Generol deelt matRussland huet eng Dosen ukrainesch Dierfer am Februar ageholl

AFP, iwwersat vun RTL
Mëtt Februar huet de Waleri Gerasimow déi russesch Truppen an der Ukrain besicht an hinne matgedeelt, datt ee bis ewell eng Dosen ukrainesch Dierfer an de leschten zwou Wochen ageholl huet.
De russeschen Arméischef Gerasmiow bei der Visitt vun den Truppen an der Ukrain.
De russeschen Arméischef Gerasmiow bei der Visitt vun den Truppen an der Ukrain.
© -/AFP

Dem Arméischef Waleri Gerasimow seng Visitt war just e puer Deeg, éier d’Gespréicher tëscht der Ukrain a Russland, bei deenen och d’USA um Dësch sëtzen, zu Genf weiderginn. Zil vun dëse Gespréicher ass et jo, de Krich, deen elo scho quasi véier Joer leeft, op en Enn ze bréngen.

“An zwou Woche vum Februar hunn déi russesch Militärunitéiten trotz de wanterlecher Konditiounen 12 Dierfer befreit”, sot de Gerasimow. Dës Aussoe konnte bis ewell awer nach net onofhängeg iwwerpréift ginn.

Russland huet zanter Hierscht den Tempo vun der Invasioun nach eng Kéier ugezunn. Et ass Moskau bis ewell a véier Joer awer net gelongen, fir déi ganz Donezk Regioun anzehuelen. Dëst war sech jo als Zil gesat ginn. Russland fuerder dat Kiew sech aus der Donezk-Regioun zeréckzitt. Dëst sinn d’Konditioune vum Aggresseur, fir de Konflikt op en Enn ze bréngen. D’Ukrain huet dëst bis ewell refuséiert.

Dem Gerasimow no sinn déi russesch Truppen a Richtung Slowiansk ënnerwee. Dëst ass eng Industrie-Héichbuerg vun der Ukrain, déi 2014 kuerz an d’Hänn vu russesche Separatiste gefall war an déi zanter dem Ufank vum Krich reegelméisseg vu Moskau attackéiert gëtt. Aktuell wieren déi russesch Truppen nach 15 Kilometer vun der Stad ewech. Moskau beusprocht jo d’Regiounen Donezk, Luhansk, Saporischschja a Cherson fir sech, wärend d’Truppen awer och an aner ukrainesch Regiounen andréngen.

De Waleri Gerasimow bezeechent dëst als “Ausbau vun der Sécherheetszon” an der Grenzregioun nordëstlech vun der Sumy- a Charkivregioun, wou Russland och verschidden Deeler kontrolléiert. Och wäert den Arméischef mat sengen Offizéier weider Aktiounen an der Géigend vun Dnipropetrowsk uschwätzen. Leschte Summer waren d’Truppe jo an dës Géigend agedrongen, vu Moskau aus huet ee sech awer ni geäussert, wat een domadder wëlles huet.

De Wladimir Putin huet jo scho méi dacks widderholl, datt Moskau déi ganz Donezk-Regioun wëll hunn, ob iwwer diplomateschen oder militäresch Wee.

Back to Top
CIM LOGO