An den italieeneschen AlpenZwou Persoune bei Lawin am Aosta-Dall gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Eng drëtt Persoun gouf iwwerdeems schwéier blesséiert, si koum an d'Spidol.
De Bléck op d’Aosta-Dall aus der Gondel
© FRANK FELL/robertharding via AFP

An den italieeneschen Alpe sinn op mannst zwou Persounen duerch Lawine beim Schifueren am Aosta-Dall ëm d’Liewe komm. Eng drëtt gouf schwéier blesséiert mam Helikopter an d’Spidol op Turin geflunn. No weideren Affer géing den Ament nach gesicht ginn. D’Lawin soll sech géint 11 Auer e Sonndeg de Moie geléist gehat hunn, dee Moment waren d’Schifuerer an engem Beräich nieft der präparéierter Piste an der Géigend vun der Uertschaft Courmayeur ënnerwee. Si sollen den Autoritéiten no aus Frankräich kommen. Och an der Regioun Trentino war eng Lawinn erofgaangen, hei konnt eng Persoun, déi verschott gi war, awer vun anere Schifuerer gerett ginn.

Back to Top
CIM LOGO