
Bei engem Dronenugrëff vun den ukraineschen Truppen ass e Pëtrolslager an der südrussescher Regioun Krasnodar getraff ginn. An der Suitte vun der “Attack op de Pëtrolshafen Tamanneftegaz” an der Géigend vu Wolna um Schwaarze Mier wier “e Brand op der Plaz” gemellt ginn, esou déi ukrainesch Arméi e Sonndeg.
De regionale russesche Gouverneur Wenjamin Kondratjew huet virdru matgedeelt, datt e Pëtrolstanker, e Lagerhaus an en Terminal duerch d’Drone beschiedegt goufen. Zwee Mënsche wieren dobäi blesséiert ginn. Iwwer honnert Pompjeeë sinn agesat ginn, fir “méi” Bränn ze läschen, esou de Kondratjew weider.
Wolna läit an der Géigend vun der vu Russland annektéierter Hallefinsel Krim. An der Uertschaft ass den Hafen Taman, dee fir den Transport vu Pëtrol, Kuel a Weess genotzt gëtt. De russesche Verdeedegungsministère huet e Sonndeg erkläert, datt een 88 ukrainesch Dronen ofgeschoss huet. Déi ukrainesch Arméi huet am selwechten Ament bekannt ginn, datt een an de leschte Stonnen weider Attacken op militäresch Ariichtunge an de vu Russland besaten Territoire vun der Ukrain duerchgefouert huet.