Noen Osten11 Doudeger bei israeelesche Loftattacken op Gaza an eng ëmstridden Decisioun zum Westjordanland

RTL Lëtzebuerg
Israel ass trotz der Wafferou eng Loftattack op d'Gazasträif geflunn. Iwwerdeems huet d'Regierung eng ëmstridden Decisioun zum Westjordanland matgedeelt.
E paläestinensesche Bauer fiert mat sengem Trakter laanscht eng Strooss, wou Israeelien fändelen ubruecht hunn.
E paläestinensesche Bauer fiert mat sengem Trakter laanscht eng Strooss, wou Israeelien fändelen ubruecht hunn.
© JAAFAR ASHTIYEH/AFP

An der Gaza-Sträif kënnt et trotz Wafferou ëmmer nees zu déidlechen Zesummestéiss. Déi israeelesch Arméi huet matgedeelt, datt een am Norde vum Territoire eng Partie “Terroristen” duerch Loftugrëff “eliminéiert” hätt, nodeems déi déi sougenannt giel Linn iwwerschratt a Sprengstoff ubruecht gehat hätten. Déi palästinensesch Autoritéite schwätze vun 11 Doudegen.

Tëscht Israel an der islamistescher Hamas gëllt zanter dem 10. Oktober dat lescht Joer eng Wafferou. De palästinenseschen Autoritéiten no sinn zanterhier op d’mannst 600 Palestinenser gestuerwen, Israel schwätzt iwwerdeems vu véier doudegen Zaldoten an deem selwechten Zäitraum.

Ëmstridden Decisioun zum Westjordanland

Déi israeelesch Regierung huet dann eng ganz ëmstridden Decisioun zum Westjordanland geholl, an Zukunft solle Privatpersounen Terrainen am Westjordanland kënne kafen. Esou kéinte Siidlungen, déi et scho gëtt, ausgebaut gi respektiv neier entstoen. Deeler vum Westjordanland sollen zudeem ënnert d’Verwaltung vun zivillen israeeleschen Administratioune kommen. Den israeelesche Verdeedegungsminister Katz huet op der israeelescher Tëlee vun engem wesentleche sécherheets- a verwaltungspolitesche Schratt geschwat. Zil wier et, datt Israel déi voll Kontroll an deem Gebitt hätt. Kritik kënnt zum Beispill vun der israeelescher Organisatioun Peace Now. Duerch d’Decisioun wier et an Zukunft legal, datt Terrainen am Westjordanland geklaut géinge ginn.

Back to Top
CIM LOGO