
An der Tierkei koum et zu engem Äerdbiewe, dat an der Provënz Van, wou de Buedem plazeweis mat enger Stäerkt vu 5,2 op der Richterskala gewackelt huet.
Meldunge vu Blesséierten oder Schied u Gebaier gouf et bis elo awer net. D’Biewe war kuerz virun 9 Auer moies an enger Déift vu 7 Kilometer an der Géigend vun der Stad Tuşba gemooss ginn, ma et war och an de Regioune ronderëm ze spieren.
An der Tierkei kënnt et méi dacks zu Äerdbiewen, 2023 ware bei engem besonnesch staarken am Südoste vum Land an am Norde vu Syrien zesummen iwwert 60.000 Leit ëm d’Liewe komm, eleng 50.000 dovunner op tierkeschem Territoire.