Europäesche Geriichtshaff zu LëtzebuergAmnestiegesetz fir katalanesch Onofhängegkeetsmilitante gouf confirméiert

RTL Lëtzebuerg
Mat dësem Urteel, kéint de fréiere katalanesche Regionalpresident Carles Puigdemont eventuell erëm zeréck a Spuenien goen.
De fréiere katalanesche Regionalpresident Carles Puigdemont
© AFP (Archive)

Den Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg huet dat ëmstriddent spuenescht Amnestiegesetz fir katalanesch Onofhängegkeetsmilitante confirméiert. Dëst géif net géint europäescht Recht verstoussen. Mat dësem Urteel kéint de fréiere katalanesche Regionalpresident Carles Puigdemont eventuell erëm zeréck a Spuenien goen.

Nodeems hien 2017 e Mouvement geleet huet, dee probéiert huet, d‘Onofhängegkeet vu Katalounien vu Spuenien z‘erreechen, lieft hien am Exil an der Belsch. Géint hie gëllt e spuenesche Mandat d‘arrêt.

D‘Amnestiegesetz war eng zentral Géigeleeschtung vum spuenesche Regierungschef Pedro Sanchez un dem Puigdemont seng Partei, där hir Stëmmen hie gebraucht huet, fir eng Regierung op d‘Been ze stellen. Eng 400 Leit hu bis ewell vun dëser Amnestie profitéiert.

Back to Top
CIM LOGO