Wéinst Sträit ëm Virgabe fir ICEAn den USA geet e Freideg e partielle Shutdown un

AFP, iwwersat vun RTL
Obwuel e Sträit ëm ICE den Ausléiser fir de Shutdown ass, wäert dëse keen Impakt op d'Finanzmëttel vun der Immigratiounsagence hunn.
Den Chuck Schumer, Leader vun den Demokraten am Senat, fuerdert méi streng Reegele fir ICE.
© HEATHER DIEHL/Getty Images via AFP

En ongeléiste Sträit ëm méi streng Reegele fir d’US-Immigratiounsagence ICE féiert an den USA zu engem partielle Shutdown. Zanter e Freideg 18.00 Auer mëtteleuropäescher Zäit sinn d’Finanzmëttel vum US-Ministère fir Heemechtsschutz (“Homeland Security”), deem ICE ënnersteet, deelweis agefruer. D’republikanesch Regierung an déi oppositionell Demokrate gi sech géigesäiteg d’Schold vun der Situatioun.

D’Spriecherin vum Wäissen Haus, Karoline Leavitt sot géigeniwwer der Tëleeschaîne “Fox News”, dass d’Demokraten d’Land aus parteipolitesche Grënn géifen an e Shutdown dreiwen. De Leader vun der demokratescher Minoritéit am Senat, den Chuck Schumer, reprochéiert sengersäits der Trump-Regierung, net op d’Fuerderung vun den Demokraten no méi strenge Reegelen fir d’Immigratiounsagence ICE anzegoen. Eng rezent Propos aus dem Wäissen Haus géif wäit hannert deem zeréckbleiwen, wat néideg wier.

Kuerzfristeg schéngt sech kee Kompromëss ofzezeechnen. Däi nächst Sessioun vum Kongress ass eréischt fir den 23. Februar ugesat. Eng Partie Senateure sinn op d’Münchener Sécherheetskonferenz gereest.

De partielle Shutdown kéint en Impakt op de Fluchverkéier an den USA hunn. Ronn 50.000 Mataarbechter vun der Administratioun fir Verkéierssécherheet TSA sinn opgeruff, ze schaffen, obwuel si keng Pai wäerte kréien. Beim leschte partielle Shutdown hat dat dozou gefouert, dass vill Mataarbechter vun der Agence sech krankschreiwe gelooss hunn. Deementspriechend waren eng ganz Partie Flich ausgefall. Och d’Agence fir de Katastropheschutz FEMA an d’Administratioun fir Cybersécherheet wäerte vum Shutdown betraff sinn.

Net touchéiert sinn dogéint ICE an d’Genzschutzagence CBP. Si kruten duerch d’Budgetsgesetz vun zejoert ëmfangräich finanziell Sondermëttel zur Dispositioun gestallt.

Et ass déi drëtte Kéier, dass et zanter dem Donald Trump sengem Amtsuntrëtt am Januar zejoert zu engem wéinstens partielle Shutdown kënnt. Am Oktober an November zejoert gouf et e Shutdown vun 43 Deeg, dee längsten an der Geschicht vun den USA. Enn Januar gouf et dann e partielle Shutdown vu véier Deeg. Béid Kéieren war e Sträit ëm finanziell Mëttelen respektiv Virschrëfte fir ICE den Ausléiser.

Back to Top
CIM LOGO