
Zanter zwou Woche leeft an Norwegen de Prozess géint den eelste Fils vun der norweegescher Krounprinzessin Mette-Marit. D’Aussoe vun de presuméierten Affer belaaschten den ugeklote Marius Borg Høiby. Elo huet eng drëtt Fra ausgesot. Mat Tréinen an den Aen huet si e Freideg erzielt, wat hir um Moie vum 24. Mäerz 2024 geschitt ass, nodeems de Marius Borg Hoiby si no enger Party bei sech Heem invitéiert hat. Si hätt wuel gedronk an och Schlofpëlle geholl gehat, ma zum Geschlechtsverkéier hätt si net zougesot.
Den Hoiby soll si un hire Geschlechtsdeeler ugepaakt hunn, wéi si sech net wiere konnt an hätt si och gefilmt ouni hiert Averständnes. “Ech wollt schlofen. Ech war immens midd an immens voll”, sou d’Fra viru Geriicht, “ech konnt meng Ae bal net méi opbehalen.” Si hat Schlofpëlle geholl, well si eng Schlofstéierung hätt.
Eng aner Versioun gouf et vum Mette-Marit hirem Fils: “Ech hunn zu kengem Zäitpunkt gesinn, dass si ageschlof war.” Hien hätt e Blackout gehat a kéint sech knapp un deen Owend erënneren. An de Stonnen, ier hie si begéint hätt, hätt hie vill Alkohol gedronk souwéi Ketamin a Kokain geholl. Ëmmer nees huet hie viru Geriicht betount, dass hien net d’Gewunnecht hätt, mat Fraen ze schlofen, déi net wakereg wieren.
An 38 Punkten ass den 29 Joer alen Hoiby ugeklot. Hie soll ënner anerem véier Frae vergewaltegt hu wärend si geschlof hunn oder vu sech waren. Ob d’Fraen an der Lag waren, de Geschlechtsverkéier ze refuséieren, ass d’zentral Fro, déi viru Geriicht gekläert muss ginn. Den Hoiby soll awer och sëllegen Ex-Frëndinne kierperlech wéi och psychesch mësshandelt hunn. De Fils vum Mette-Marit aus enger fréierer Bezéiung, ier si mam norweegesche Krounprënz Haakon bestuet gouf, riskéiert bis zu 16 Joer Prisong.
E Freideg goufen dann och Videoe gewisen, déi an der Wunneng vum Ugeklote séchergestallt goufen. An engem éischte gesäit een hie mat engem presuméierten Affer beim gemeinsamen, zougestëmmten Akt. Déi aner Videoen hunn déi presuméiert Vergewaltegunge gewisen.
Iwwer d’Videoe sot d’Fra nach am Geriichtssall, wa si gesinn hätt, dass hie si filmt, hätt si hie gehënnert. “Dat hätt ech ni acceptéiert.” Den Ugekloten dogéint huet behaapt, hie kéint sech net drun erënneren, d’Videoen gemaach ze hunn.Hie kéint sech net drun erënneren, dass si protestéiert hätt an hie géif och kee Grond gesinn, dass si net matkritt hätt, dat e Video opgeholl gouf.
Den Hoiby war de 4. August 2024 zu Oslo wéinst presuméierter Kierperverletzung a Saachbeschiedegung an der Wunneng vu senger fréierer Frëndin festgeholl ginn. Am Laf vun den Ermëttlunge koumen awer nach aner presuméiert Strofdoten un d’Liicht.