
Fir Lëtzebuerg ass ënnert anerem d’Defenseministesch Yuriko Backes am Hotel Bayriescher Hof zu München mat derbäi. Och den Ausseminister Xavier Bettel gëtt sech do erwaart.
D’Thema Sécherheet beschäftegt d’Europäer esou vill, ewéi scho laang net méi. Si fillen sech ëmmer manner a Sécherheet. Dat geet aus dem neisten Eurobarometer ervir, deen e Freideg verëffentlecht gouf. Méi ewéi zwee Drëttel vun den Europäer mengen, hiert Land wär a Gefor. Am stäerksten äusseren d’Fransousen dat Gefill, dat mat 80 Prozent. Och an Holland an an Dänemark ass d’Suerg ganz grouss. D’Lëtzebuerger leien hei ënnert der EU-Moyenne mat 55 Prozent.
Just eng knapps Majoritéit vun den EU-Biergerinnen a Bierger huet Confiance an d’Unioun, fir d’Sécherheet ze stäerken. D’Lëtzebuerger vertrauen der EU nach am meeschte mat 76 Prozent. Dräi Véierel vun de befrote Leit hunn uginn, si géifen den aktuellen Niveau vun Investissementer an d’Defense gutt fannen. 53 Prozent, wann ee just d’Lëtzebuerger kuckt. An eng Persoun vu véier ass der Meenung, dass net genuch fir d’Verdeedegung ausgi gëtt.