
D'USA hunn och an der Nuecht op e Sonndeg op en Neits Ziler am Iran attackéiert. Wéi et vun amerikanescher Säit heescht, hätten d'Attacken ënner anerem dem Stëtzpunkte vun deenen iraneschen Eenheete gegollt, déi fir d'Attack responsabel waren, bei där zwee US-Zaldoten a Jordanien ëm d'Liewe komm sinn.
Den Iran huet sengersäits eng Weider Kéier mat Ugrëffer op Ziler a Kuwait an am Bahrain op déi amerikanesch Attacke reagéiert. De kuwaitesche Militär huet an deem Kontext annoncéiert, dass een iranesch Rakéiten an Dronen ofgefaangen hätt.
Teheran huet da sengersäits annoncéiert, sech bis op Weideres net méi wëllen un de Kaderaccord mat den USA ze halen, dee virun engem Mount ënnerschriwwe gouf.