KiewEen Doudesaffer an op d'mannst 13 Blesséierter bei russeschen Attacken

AFP, iwwersat vun RTL
Bei den Attacke wiere Wunnhaiser, en Akafszenter an e Fräizäit-Komplex beschiedegt ginn.
© SERHII OKUNEV/AFP

D'Ukrain mellt op en Neits russesch Attacken. Rieds geet vu massive Loftattacken op d'Haaptstad Kiew an der Nuecht op e Sonndeg. Dobäi wier eng Persoun gestuerwen an 13 wiere blesséiert ginn.

Wéi et vun der ukrainescher Police heescht, wiere sechs Staddeeler vun den Attacke viséiert gewiescht. Et wier zu Schied u Wunnhaiser, engem Akafszenter an engem Fräizäit-Komplex komm.

Vu Russland heescht et, bei den Attacke wiere Logistikzentere viséiert gewiescht, an deene Baudeeler fir Waffen, Dronen a Rakéite stockéiert wären.

Iwwerdeems mellt de Gouverneur vun der Regioun Dnipropetrowsk ee weidert Doudesaffer bei russeschen Dronenattacken.

Back to Top
CIM LOGO