
Den US-Militär huet an der Nuecht op e Freideg fir déi sechste Kéier hannerteneen Ziler am Iran attackéiert. Dobäi soll Och Verkéiersinfrastruktur viséiert gewiescht sinn. Den iranesche Staatsmedien no wieren ënner anerem zwou Brécken, e Fluchhafen an eng Gare am Süde vum Land getraff ginn.
D'iranesch Arméi hätt eegenen Aussoen no hirersäits mat Attacken op US-Stëtzpunkten am Bahrain, a Kuwait an a Jordanien op d'US-Offensiv reagéiert. Och de Katar huet matgedeelt, dass een aus dem Iran mat Rakéite beschoss gi wier.
Dem regionalen Zentralkomnmando "Centcom" vum US-Militär no wier et d'Zil vun den Attacken, déi militäresch Capacitéite vum Iran weider ze schwächen.
D'iranesch Staatsmedien haten als éischt US-Attacken ronderëm d'Golfinsel Keschm an op d'Hafestad Bandar Abbas an der Géigend vun der Strooss vun Hormus gemellt. Iwwerdeems hätt et op d'mannst zwou Explosiounen an de Stad Buschehr ginn, an där sech dat eenzegt aktiivt iranesch Atomkraaftwierk befënnt. Duerno wieren dann zwou Brécken, eng Gare an e Fluchhafen an der Géigend vun der Strooss vun Hormus getraff ginn.
Den Iran huet iwwerdeems gedreet, no der Strooss vun Hormus elo och dat Rout Mier wëllen ze blockéieren.
E Freidegmoie mellt den iranesche Staatsfernsee dann, dass d'Revolutiounsgarden de Militärstäetzpunkt Al-Tanf am Südoste vu Syrien attackéiert hunn. Et géif sech ëm eng Revanche-Attack handelen, nodeems iranesch Zaldote bei enger Attack zu Iranschahr ëm d'Liewe komm sinn.
D'USA haten am Februar annoncéiert, dass si sech um Stëtzpunkt Al-Tanf zeréckgezunn, an dësen un d'syresch Arméi iwwerstallt hunn.