Eng Première am WeltallArtemis-Astronauten telefonéiere mat ISS-Crew

AFP, iwwersat vun RTL
Et ass eng Première am Weltraum: Bei hirem Fluch, mat deem si schonn e Rekord opgestallt hunn, hunn d'Astronaute vun der Artemis-II-Missioun mat hire Kolleegen op der Weltraumstation ISS e galaktescht Telefonat gefouert.
Premiere im All: Bei ihrem Rekorde brechenden Flug haben die Astronauten der Mission Artemis 2 ein galaktisches Telefonat mit ihren Kollegen auf der Weltraumstation ISS geführt.
D’Artemis-II-Astronauten an d’ISS-Crew hu mateneen telefonéiert, wéi béid Ekippe gläichzäiteg am All waren.
© NASA/AFP

“Dir kënnt iech guer net virstellen, wéi mir dorop gewaart hunn”, sot den Artemis-II-Kommandant Reid Wiseman en Dënschdeg zu der ISS-Crew. “Et ass flott, gläichzäiteg mat iech am All ze sinn!”, freet sech de Kanadier Jeremy Hansen.

Béid Ekippen hunn iwwer hir Gefiller mat Bléck op d’Äerd geschwat. Fir all Astronaut wier et eppes Besonnesches, d’Äerd vum Weltall aus ze gesinn, sot d’ISS-Bordkommandantin Jessica Meir. “Mir wëlle gäre wëssen, wéi dat fir iech bei ärem Fluch ëm de Mound war?”

D’Artemis-Astronautin Christina Koch huet doropshi geäntwert, datt de Bléck aus grousser Distanz op d’Äerd wéinst der ganzer “Schwäerzt” am All besonnesch beandrockend ass. “Dat ënnersträicht wierklech, wéi änlech mir eis sinn, wéi déi selwecht Saach all eenzele Mënsch op der Äerd um Liewen hält.”

No hirem Fluch ronderëm de Mound, bei deem si esou wäit vun der Äerd ewech ware wéi ni e Mënsch virdrun, sinn d’Astronaute vun der Artemis-II-Missioun den Ament um Wee zréck op d’Äerd. An der Nuecht op e Samschdeg MESZ soll hir Orion-Kapsel virun der kalifornescher Küst am Mier landen.

D’Artemis II ass déi éischt bemannt Missioun Richtung Mound zanter méi wéi 50 Joer. Fir d’Joer 2028 plangt d’Nasa eng éischte Kéier zanter iwwer engem hallwe Joerhonnert nees um Mound ze landen. Fir d’lescht waren US-Astronauten vun der Apollo 17 1972 um Mound gelant.

Kuckt hei d’Artmis-II-Missioun live am Stream vun der Nasa:


Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO