
Am Oste vun der Demokratescher Republik Kongo geet d'Zuel vu Leit, déi sech méiglecherweis mam Ebolavirus ugestach hunn, weider erop.
Mëttlerweil schwätzen déi lokal Autoritéite vun 1.077 Verdachtsfäll an 246 confirméierten Doudesaffer. D'Weltgesondheetsorganisatioun geet dervun aus, dass d'Donkelziffer vill méi héich läit, well vill Fäll net géife gemellt ginn. Den Taux vun der Stierflechkeet bei de Verdachtsfäll géif bis ewell bei ënner 25 Prozent leien, wat däitlech méi niddereg wier, wéi bei fréieren Ebola-Ausbréch. Allerdéngs warnt d'WHO, dass et wéinst der kontinuéierlecher Gewalt am Oste vun der Demokratescher Republik Kongo zu enger "katastrophaler Kollisioun tëscht Krankheet a Konflikt" kéint kommen.
D'Nopeschland Uganda, an deem mëttlerweil och eng hallef Dosen Infektioune confirméiert sinn, huet elo d'Grenz mam Oste vun der DR Kongo zougemaach. Wéi et vun der Staatssekretärin Diana Atwine heescht, géifen nëmmen nach autoriséiert Ekippen, déi géint d'Pandemie am Asaz wieren, humanitär Asätz, Sécherheetsleit, a Liewensmëttel an aner wichteg Liwwerungen iwwer d'Grenz gelooss ginn.
Déi aktuell Epidemie gëtt vun der seelener Bundibugyo-Variant vum Virus ausgeléist, géint déi et weder eng effikass Therapie, nach en Impfstoff gëtt.