
En Donneschdeg de Moie koum et op der Gare vu Winterthur, net wäit vun Zürech fort, zu enger Messerattack. De verdächtege Mann huet dräi Leit blesséiert, ier hie vun der Police gestallt gouf.
"Kuerz no 8:30 Auer huet ee Mann dräi Mënschen op der Gare vu Winterthur mat enger Messer-aarteger Waff blesséiert. De Verdächtege gouf vun der Police festgeholl", esou d'Beamten an enger Matdeelung. De Verdächtege wier een 31 Joer ale Schwäizer.
Zu méigleche Motiver géif grad eng Enquête lafen. Lokale Medieberichter no soll de Schwäizer virun der Attack "Allahu Akbar" ("Gott ass de Gréissten") geruff hunn. Ee Sproch, dee gäre virun terroristeschen oder extremisteschen Attacke geruff gëtt.
Vun den dräi Blesséierten, déi all antëscht am Spidol sinn, ass Schwäizer Medien no eng Persoun méi schwéier blesséiert ginn.