
Rezent haten d'USA an den Iran nach Progrèse bei den Negociatioune gemellt. Ma elo wëll Teheran eng Propos fir en Accord, déi Washington rezent virgeluecht huet, net ënnerschreiwen. D'USA wieren iwwerdeems hirersäits mat der leschter Offer vun Teheran net zefridden, sot de President Donald Trump en Dënschdegowend no engem Regierungsrot zu Washington. Hie selwer wier iwwerdeems net presséiert, fir en Accord ze fannen, sou nach den amerikanesche Staatschef.
D'Iraner wéilte ganz gär eng Eenegung, mä bis ewell wiere se nach net esouwäit, sou den Trump, deen awer och warnt: Wa sech weider näischt deet, misst een d'Saach einfach op en Enn bréngen. Amerikanesch Kampf-Jetten hunn dann och weider Ziler vun den Iraner attackéiert. E Militär-Site wier bombardéiert ginn, vu wou aus eng Gefor fir d'US-Truppen ausgaange wier, ënnert anerem duerch Dronen.
Den Iran huet da sengersäits mat Attacken op den US-Loftwaffe-Stëtzpunkt, vun deem d'Attack lancéiert gouf, reagéiert. Dat huet den iranesche Staatsfernsee en Donneschdeg am fréie Moie matgedeelt.
Ausserdeem heescht et vun Teheran, dass een en amerikanesche Pëtrol-Tanker ugegraff hätt, deen ouni Autorisatioun duerch d'Strooss vun Hormus wollt fueren.
Den US-Finanzministère huet iwwerdeems Sanktioune géint d'iranesch Agence, déi de Schëffsverkéier duerch de Passage kontrolléiert, verhaangen. De rezente Versuch vum iranesche Militär de globale Séi-Handel ze erpressen, géif weisen, dass déi massiv ekonomesch Sanktiounen de Regimm zu Teheran a Geldsuerge géif dreiwen, huet et vum amerikanesche Finanzminister Scott Bessent geheescht.