Panzer an Dronen am AsazSüdkoreanesche Militär üübt mat schaarfer Munitioun bei der demilitariséierter Zon

RTL mat AFP
D'Manöver fënnt knapps zwee Deeg no engem weidere nordkoreanesche Rakéitentest statt.
Südkoreanesche Militär üübt mat schaarfer Munitioun bei demilitariséierter Zon
D'Manöver fënnt knapps zwee Deeg no engem weidere nordkoreanesche Rakéitentest statt.

En Donneschdeg hu südkoreanesch Truppen zu Pocheon an der Géigend vun der Grenz mat Nordkorea, der demilitariséierter Zon, mat schaarfer Munitioun geüübt. Nieft de Panzer, déi agesat goufen, sinn och Drone beim Manöver lancéiert ginn. Esouwuel Zaldote vun der Arméi, ewéi och vun der Marinn waren am Asaz.

D'Manöver fënnt knapps zwee Deeg no engem weidere nordkoreanesche Rakéitentest statt. En Dënschdeg ass eng nordkoreanesch Kuerzstreckerakéit am Giele Mier ageschloen. Et war deen aachte Rakéitentest fir dëst Joer.

Back to Top
CIM LOGO