VenezuelaZuel vun Doudesaffer no Äerdbiewen op iwwer 2.900 geklommen, iwwer 16.000 Leit blesséiert

AFP, iwwersat vun RTL
Insgesamt si bis ewell 2.954 Doudesaffer gebuerge ginn, heescht et vun der Regierung e Samschdeg.
Die offizielle Zahl der Todesopfer durch das verheerende Doppel-Erdbeben in Venezuela ist auf mehr als 2900 gestiegen. Es seien bisher 2954 Todesopfer geborgen worden, teilte die Regierung mit. Zudem seien fast 16.600 Menschen verletzt worden.
© AFP

Bal 16.600 Leit goufe blesséiert, 856 Haiser goufe beschiedegt an iwwer 16.000 Leit si Regierungsinformatiounen no elo ouni Doheem. Dozou, wéi vill Leit den Ament vermësst ginn, huet d'Regierung näischt gesot, enger Aschätzung vun de Vereenten Natiounen no kéint dës Zuel allerdéngs bei bis zu 50.000 leien.

Den Norde vu Venezuela war de 24. Juni vun zwee immens staarken Äerdbiewen hannertenee getraff ginn. De Bundesstaat La Guaira am Norde vun der Haaptstad Caracas war dobäi am stäerkste getraff ginn.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO