No Mord um 11 Joer ale LyhannaZéngdausende Leit protestéieren uechter Frankräich géint sexualiséiert Gewalt

AFP, iwwersat vun RTL
E Samschdeg sinn an enger Rei franséische Stied zéngdausende Leit géint sexualiséiert Gewalt op d'Strooss gaangen. Eleng zu Paräis sollen et Organisateuren no ronn 100.000 Demonstrante gewiescht sinn.
© AFP

Ausléiser vun de Maniffe war den Doud vum 11 Joer ale Lyhanna, dat vun engem presuméierte Sexualstroftäter soll vergewaltegt an ermort gi sinn. D'Organisateuren, en Zesummeschloss aus 180 Verbänn, hunn en allgemengt Gesetz gefuerdert, amplaz vun "Eenzelmoosnamen", fir sexuell Gewalt op allen Niveauen ze bekämpfen.

De Fall vum Lyhanna hat a Frankräich fir schockéiert Reaktiounen a Roserei gesuergt, well géint de Verdächtegen zanter 2025 eng Plainte wéinst Vergewaltegung vun engem Mineur virlouch an hien trotzdeem net eng Kéier interrogéiert ginn ass. Eng fréier Enquête wéinst Vergewaltegung vu Mineure war gestoppt ginn an eng Rei weider Hiweiser op sexuell Iwwergrëffer hate keng Konsequenzen.

D'Läich vum Meedche war de 4. Juni - sechs Deeg nodeems et verschwonne war - an engem Silo fonnt ginn. Déi leschte Kéier gesinn, gouf et op Biller vun enger Iwwerwaachungskamera am Auto vum 41 Joer ale Verdächtege Jérôme B., dem Papp vun engem Frëndin vum Lyhanna.

© AFP

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO