
Zu Teheran hunn Zéngdausende Leit um Weekend un den Trauerfeierlechkeete fir de fréieren ieweschte geeschtleche Leader Ajatollah Chamenei deelgeholl. Opgefall ass dobäi d'Absence vu sengem Jong a Successeur Modschtaba Chamenei, deen zënter dem déidlechen Ugrëff op säi Papp den 28. Februar 2026 net méi ëffentlech opgetrueden ass.
Bei de Gebieder e Sonndeg waren ënnert anerem de President Masud Peseschkian, de Parlamentspresident Mohammad Bagher Ghalibaf an héich Vertrieder vun de Revolutiounsgarden dobäi. D'Gebiet gouf vum 97 Joer ale Kleriker Dschafar Sobhani geleet.
An der Groussmoschee Mosalla ware fënnef Särg opgeboort, dorënner dee vum Ajatollah Chamenei an déi vu véier Familljememberen, déi beim selwechten Ugrëff ëm d'Liewe komm waren. Um Sarg vum Chamenei louch säin typesche schwaarzen Turban.
D'Autoritéite rechne mat bis zu 20 Millioune Participanten un de Feierlechkeeten, déi sech iwwer e puer Deeg wäerten zéien. Wéinst den héijen Temperature vu méi wéi 35 Grad Celsius hu ronn 4.000 Persoune medezinesch Hëllef gebraucht.
Den Ali Chamenei, deen zanter 1998 un der Spëtzt vum iranesche System stoung, war den 28. Februar bei engem US-israeeleschen Ugrëff op seng Residenz zu Teheran ëm d'Liewe komm. Säin Nofollger Modschtaba Chamenei soll dobäi blesséiert gi sinn.
No de Feierlechkeeten zu Teheran gëtt de Sarg en Dënschdeg an déi schiitesch Stad Ghom an e Mëttwoch an den Irak bruecht. D'Bäisetzung ass fir en Donneschdeg an der nordëstlecher Stad Maschhad am Iran virgesinn.
Den Doud vum laangjärege Leader markéiert eng nei, awer onsécher Phas fir d'Islamesch Republik. D'Trauerfeierlechkeete gëlle gläichzäiteg als Test fir d'Ënnerstëtzung vun der aktueller Féierung. Zanter dem 8. Abrëll gëllt am Konflikt tëscht dem Iran an den USA an Israel eng fragil Wafferou.