Investment vun 2,4 Milliarden EuroAustralien baut nei Werft fir Atom-U-Booter

AFP, iwwersat vun RTL
D'Annonce vun Australien, fir nei Atom-U-Booter ze bauen, kënnt am Kader vun hirer Militärallianz mat den USA a Groussbritannien.
Den australesche Premier Anthony Albanese bei der Visitt vum israeelesche President Isaac Herzog.
Den australesche Premier Anthony Albanese bei der Visitt vum israeelesche President Isaac Herzog.
© DAVID GRAY/AFP

Den australesche Premier Anthony Albanese hat eng éischt Investitioun vun ëmgerechent méi wéi 2,4 Milliarden Euro fir de Bau vun enger neier Werft fir Atom-U-Booter annoncéiert. Dës Investitioun wier “decisiv” fir d’Liwwerung vu konventionell arméierten, atombedriwwenen U-Booter fir Australien, esou de Premierminister e Sonndeg. De Wierder vum Verdeedegungsminister Richard Marles no wäert d’Werft an der Géigend vun Adelaide am Süde vun Australien opgeriicht ginn.

Australien wëll sech am Kader vun der Militärallianz mat den USA a Groussbritannien, déi och nach Aukus genannt gëtt, eng Flott mat modernen US-U-Booter beschafen. Weider solle verschidden nei Militärtechnologien zesummen entwéckelt ginn. D’Militärallianz tëscht Australien, den USA a Groussbritannien war 2021 als Äntwert op d’Dominanz vu China am Indopazifik, déi permanent um Wuessen ass, gegrënnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO