
D’Schëff “Humanity One” vun der däitscher Hëllefsorganisatioun “SOS Humanity” muss Aussoe vun der Organisatioun no 60 Deeg am Hafe vun Trapani op der Insel Sizilien bleiwen an et gouf eng Geldstrof vun 10.000 Euro geschwat.
D’Schëff hat bei sengem leschten Asaz 33 Leit aus dem Waasser gerett an zwou Läiche gebuergen. Et hat awer net mat de libeschen Autoritéiten, déi fir d’Séinoutrettung responsabel sinn, kommunizéiert. Den italieeneschen Inneminister Matteo Piantedosi schwätzt an dësem Zesummenhang vu Verantwortungslosegkeet. Vun der Hëllefsorganisatioun heescht et, dat hätt een net gemaach, well déi libesch Regierung fir schwéier Mënscherechtsverstéiss responsabel wier.