
D’ukrainescht Vollek huet den Ewald-von-Kleist-Präis kritt. Dat ass eng Auszeechnung, déi all Joers um Bord vun der Münchener Sécherheetskonferenz vergi gëtt. Och wann den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj de Präis entgéint geholl huet, ass et awer eng Première, dass eng ganz Natioun e kritt. Soss goufe renomméiert Staatsleit ausgezeechent: den US-Ausseminister Henry Kissinger beispillsweis.
Dem Organisateur Wolfgang Ischinger no géif d’ukrainesch Populatioun extreemt Leed aushalen, virop déi leschte Wochen an deene si vun de Russe bei äisegen Temperaturen terroriséiert gi wären. Als Organisatioun wär een deemno houfreg op déi Manéier Solidaritéit géintiwwer de couragéierten Ukrainer ze weisen. De Selenskyj huet allerdéngs zu München beklot, dass säi Land ze wéineg Loftofwierrakéite krit. Kritiker hu gemengt, dass den Ukrainkrich effektiv dëst Joer net méi esou am Mëttelpunkt vun der Sécherheetskonferenz stoung.