
Zwee Joer nom Doud vum russeschen Opsotionellen Alexej Nawalny an engem Stroflager a Sibirien si sech fënnef europäesch Staaten eens, dass dee 47 Joer ale Géigner vum Wladimir Putin vergëft gouf.
Ewéi Däitschland, Groussbritannien, Schweden, Frankräich an Holland e Samschdeg an enger gemeinsamer Erklärung um Bord vun der Münchener Sécherheetskonferenz matgedeelt hunn, wiere bei Analyse vum Nawalny senge stierflechen Iwwerreschter eendeiteg Spuere vu Gëft nogewise ginn. Konkret soll et sech ëm Spuere vun Epibatidin handelen, dem Gëft vum südamerikanesche Feil-Gëftfräsch. Dëst kënnt a Russland net an der Natur vir.
“Russland behaapt, dass den Nawalny een natierlechen Doud gestuerwe wier. Ugesiichts der Toxizitéit vun Epibatidin an de Symptomer, déi bekannt gi sinn, war d’Ursaach vum Doud allerdéngs mat héijer Warscheinlechkeet eng Vergëftung”, heescht et weider an der Erklärung.