Um Bord vun der SécherheetskonferenzDemonstratioun fir méi Demokratie am Iran zu München

AFP, iwwersat vun RTL
Och de Bouf vum fréieren iranesche Schah Reza Pahlavi huet un der Manif deelgeholl.
© MICHAELA STACHE/AFP

Um Bord vun der Sécherheetskonferenz hunn zu München eng 200.000 bis 250.000 Leit géint déi iranesch Regierung demonstréiert. De Jong vum fréiere Schah, dem Reza Pahlavi, war och bei der Manif mat dobäi. Wéi hien op d’Bün gaangen ass, hunn eng Partie Leit “Laang lief de Kinnek” geruff. De Palhavi hat zu München awer gesot, datt et him net ëm een Titel goe géing an hie sech keng Kroun op de Kapp setze wéilt. Déi verschidde Riedner hu sech fir ee friddleche Wiessel hin zu enger Demokratie am Iran ausgeschwat. Déi aktuell Regierung misst iwwerdeems zur Responsabilitéit gezu ginn. Parallel zu München goufen och Demonstratiounen zu Toront a Los Angeles organiséiert.

Back to Top
CIM LOGO