Fillt sech ongerecht behandeltBis zu 50 Prozent: Donald Trump annoncéiert nei Taxen op kanadesche Produiten

RTL mat AFP
Well den US-President sech vu Kanada onfair behandelt gesäit, huet den Donald Trump nei Handelstaxen am Wäert vu 50 Prozent op sëllege Produiten annoncéiert.
© GEOFF ROBINS/AFP

Den US-President Donald Trump wëll Kanada mat weideren Douanes-Taxe bestrofen, sou datt vill Wueren, déi an d'USA agefouert ginn, mat 50 Prozent sollen taxéiert ginn. De Grond dofir ass, datt amerikanesch Autoen, Alkohol a Mëllech-Produiten onfair behandelt géife ginn, sou de Republikaner.

Ausname soll et just fir Fësch, Energieproduiten an Dünger ginn.

Den Trump kritiséiert weider, dass déi kanadesch Regierung net genuch géif maachen, fir géint d'Bëschbränn vir ze goen. Doduerch wier d'Loft an den USA extrem schlecht, sou den US-President, deen och dowéinst wëll verschidden Taxen nach emol erhéijen.

De kanadesche Premier Mark Carney huet d'Virwërf iwwerdeems vu sech gewisen an drop opmierksam gemaach, datt den Trump ugefaangen hätt, géint d'Handelsofkommes tëscht den USA, Kanada a Mexiko ze verstoussen.

D'Taxe solle bannent 30 Deeg a Kraaft trieden.

Back to Top
CIM LOGO