UN-Missioun UnifilBlohelmzaldot bei Explosioun am Süde vum Libanon ëmkomm

AFP, iwwersat vun RTL
Ëmmer nees gi Poste vun der UN-Missioun Unifil am Süde vum Libanon attackéiert. Bei enger Explosioun e Sonndeg ass een Zaldot ëm d'Liewe komm, e weidere goufe liewensgeféierlech blesséiert.
Bei der Explosion eines Geschosses in einer Stellung der UN-Mission im Libanon (Unifil) ist ein Blauhelmsoldat getötet worden.
D’Blohelmzaldote vun der UN-Missioun Unifil am Süde vum Libanon.
© AFP/Archiv

Am Süde vum Libanon ass bei enger Explosioun e Blohelmzaldot vun der UN-Missioun Unifil ëm d’Liewe komm. Den UN-Zaldot wier e Sonndeg den Owend ëmkomm, wéi e “Projektil op engem Unifil-Posten an der Géigend vun Adschit al-Kusair explodéiert ass”. Dat huet Unifil e Méindeg de Moie matgedeelt an erkläert, datt e weideren UN-Zaldot liewensgeféierlech blesséiert gouf. Der Regierung zu Jakarta no wier et en indoneeseschen Zaldot.

Net gewosst, wier, vu wou d’Projektil hierkéim, heescht et weider vun Unifil. Et hätt een Ermëttlunge lancéiert, fir d’Ëmstänn vun der Explosioun ze klären. D’UN-Missioun huet sech betraff gewisen iwwer den Doud vum Blohelmzaldot: “Kee sollt jeemools säi Liewe verléieren, wärend hie sech fir de Fridden asetzt.”

Den indoneeseschen Ausseministère huet méi spéit confirméiert, datt en indoneesesche Blohelmzaldot an der Géigend vun Adschit al-Kusair ëm d’Liewe koum. Am Internet huet de Ministère zu Jakarta vun dräi blesséierten Zaldote geschwat an huet eng Enquête zum Virfall gefuerdert. D’Sécherheet an de Shutz vun den UN-Friddenstruppe misst “zu all Zäitpunkt” garantéiert ginn.

Déi libaneesesch staatlech Noriichtenagence NNA hat virdru gemellt, de Posten, dee getraff gouf, géing zu engem indoneeseschen Unifil-Batallioun gehéieren. D’Stad Adschit al-Kusair läit net wäit vun der Grenz zu Israel ewech.

De Libanon gouf Ufank Mäerz an den Iran-Krich eragezunn. Deemools huet d’Hisbollah-Miliz, déi vum Iran ënnerstëtzt gëtt, als Reaktioun op den Doud vum héchsten iranesche Leader Ayatollah Ali Chamenei Rakéiten op Israel geschoss. An der Suite huet Israel sëllegen Ziler am Libanon ugegraff an Zaldoten iwwer d’Grenz geschéckt. Dem israeelesche Verdeedegungsminister Katz no wëll d’Arméi am Libanon d’Kontroll iwwer d’Gebitt bis bei de Floss Litani iwwerhuelen.

Am Kader vun de Kämpf am Süde vum Libanon goufe schonn e puer Mol Unifil-Posten attackéiert, wéi d’UN mellen. Ufank Mäerz waren dräi ghanaesch Zaldoten an enger Grenzstad duerch Schëss blesséiert ginn. D’Unifil ass zanter Joerzéngten als eng Aart Puffer tëscht Israel an dem Süde vum Libanon am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO