
An engem gemeinsame Schreiwes fuerderen d'Staats- a Regierungscheffen Israel dozou op, d'Westjordanland net nach weider ze besetzen a mat der administrativer Kontroll vun de Gebidder opzehalen.
Ënnerschriwwen ass de Statement vun Däitschland, Frankräich, Italien, Holland, Norwegen a Groussbritannien. Mä net nëmmen europäesch Staaten, mee och Kanada, Australien an Neiséiland sinn dobäi.
Ze liesen ass onmëssverständlech: "Déi israeelesch Besatzung am Westjordanland ass illegal." Déi geplangten Ausbreedung vun de Siidlunge wier do keng Ausnam, heescht et weider.