
Nodeems en Donneschdeg net wäit vun der nordmarokkanescher Stad Fes en Haus an de Koup gefall ass, klëmmt d'Zuel un Doudegen op 15. Dat mellt de Parquet e Freideg. Deemno sinn zwee Kanner ënner den Doudesaffer. Fënnef weider Leit goufe blesséiert.
Nodeems d'Haus an de Koup gefall war, war virop net kloer, wéi vill Leit zum Zäitpunkt vum Ongléck am Appartementshaus waren. En Donneschdeg ware fir d'éischt néng Läiche fonnt ginn. Dee Bilan ass antëscht op op d'mannst 15 geklommen.
An de Quartiere ronderëm Fes ginn ëmmer nees Haiser gebaut, ouni datt déi néideg Virschrëften agehale ginn. Leschten Dezember waren 22 Leit ëm d'Liewe komm, wéi zwee Gebaier an de Koup gefall sinn. Am Mee zejoert koumen néng Doudeger dobäi, wéi zu Fes selwer e Wunnhaus zesumme gefall ass.