
D'Welt am Sonntag schreift bei der nächster sougenannter "Force-Sourcing-Konferenz" vun der NATO am Juni géifen d'Alliéiert driwwer informéiert, wéi déi militäresch Hëllef vun den Amerikaner soll ausgesinn. D'Welt am Sonntag berifft sech op en héije Vertrieder aus dem Pentagon.
Washington wéilt dofir suergen, datt d'Alliéiert déi néideg Informatiounen a Kloerheet hunn, fir den Iwwergang zu enger europäescher Defense esou séier an effikass wéi méiglech virun ze dreiwen. D'Alliéiert sollen dobäi d'Haaptresponsabilitéit fir déi konventionell Verdeedegung vun Europa iwwerhuelen.
US-Truppe sollen deemno och méi séier aus Europa ofgezu ginn, wéi bis ewell geduecht. Am Mee war vu Washington schonn d'Annonce komm, et wéilt een eng 5.000 Zaldoten aus Däitschland ofzéien.
Mat dëse confirméierter Annonce gëtt däitlech, datt Washington den Europäer keng laang Iwwergangsdelaië gëtt. Den US-President Trump géif sech ëmmer d'Recht virbehalen, an all Situatioun esou ze handelen, wéi hien et fir adequat hält, esou de Vertrieder aus dem Pentagon.