ZDF-PolitbarometerCDU-SPD géife Majoritéit verléieren, AfD wier stäerkste Kraaft an Däitschland

RTL Lëtzebuerg
Fir déi éischte Kéier iwwerhaapt huet d'AfD beim ZDF-Politbarometer d'Nues vir.
© AFP

Wann dëse Sonndeg Bundestagswalen an Däitschland wieren, dann hätt Schwaarz-Rout keng Majoritéit méi. Dat geet aus dem neisten ZDF-Politbarometer ervir.
CDU/CSU verléieren ee Prozentpunkt op 25 Prozent an d’SPD géif just nach bei 12 Prozent leien, esou déif, wéi nach ni.

Fir déi éischte Kéier iwwerhaapt am ZDF-Politbarometer wär d’AfD mat 26 Prozent stäerkste Kraaft am däitsche Parlament. Déi Gréng géife virun d’SPD kommen, dat mat 14 Prozent, an d’Linke wier mat 11 Prozent déi schwaachste Partei am Bundestag. Mat grad emol 3 Prozent kéim d’FDP net eran, well si de Krittär, datt eng Partei muss op iwwer 5 Prozent kommen, net erfëllen.

ZDF-Politbarometer: AfD wier an Däitschland déi stäerkste Kraaft
Wann eis Noperen dëse Weekend géife wiele goen, kéim déi aktuell Regierung net méi op eng Majoritéit vun de Sëtz.

Déi aktuell Regierungspolitik vum Kanzler Merz kënnt och just nach op 27 Prozent Zoustëmmung. A genau dat ass dem ZDF no och de Grond, wisou d’AfD aktuell am Politbarometer d’Nues vir huet. Dräi Véierel vun de Leit ginn nämlech net dovunner aus, datt d’Regierung e wichtege Bäitrag ka liwweren, fir d’Problemer an Däitschland ze léisen. Änlech vill Leit hunn och den Androck, datt SPD an CDU/CSU aktuell net gutt zesummeschaffen.

Klenge Liichtbléck dann awer fir de Friedrich Merz: Datt Däitschland sech net um Krich am Iran bedeelegt, fannen iwwer 90 Prozent vun de Befrote gutt.

Back to Top
CIM LOGO