
A Pakistan sinn op d'mannst 14 Kanner ëm d'Liewe komm, wéi en Daach a sech zesummegefall ass. Fënnef weider Kanner goufen den Autoritéiten no blesséiert. Wéi et heescht, war en Dënschdeg zu Lahore am Oste vum Land den Daach vun enger Nohëllefsschoul an de Koup gefall. Zwee Leit goufen an deem Kontext scho festgeholl.
D'Doudesaffer waren den Dokteren no am Alter tëscht véier an zwielef Joer. Op Biller vum pakistanesche Sender Geo News ware Rettungsekippen an Zivilisten ze gesinn, déi mat Schëppen an de bloussen Hänn Äerd a Stécker ewechgedroen hunn. D'Ongléck war an engem dicht bewunnte Wunngebitt geschitt.
A Pakistan falen ëmmer nees Diecher a Gebaier a sech zesummen. D'Ursaachen dofir sinn dacks Sécherheetsstandarden, déi net agehale ginn a mannerwäerteg Baumaterialien. Am Juli zejoert ware 27 Leit ëm d'Liewe komm an 10 blesséiert ginn, wéi e Gebai vu fënnef Etagen zu Karachi an de Koup gefall war.