
E 37 Joer ale Mann aus Estland gouf e Méindeg de Moie vun der Lëtzebuerger Police un d'Bundespolizei zu Tréier ausgeliwwert. Géint de Mann louch e Mandat d'arrêt vum Amtsgeriicht Freiburg vir, dat wéinst dem Verdacht, am Mäerz 2025 e Mann aus engem Foyer fir Flüchtlinge kierperlech ugegraff ze hunn.
Hien hätt säi Affer an d'Gesiicht geschloen a mat de Féiss gerannt, wéi de Mann schonn um Buedem louch.
Am Abrëll 2025 soll hien och eng Rei Objeten am Wäert vu méi wéi 50 Euro aus engem Liewensmëttelbuttek geklaut hunn. Dobäi hätt hie sech mat Gewalt géint de Sécherheetsmann gewiert, wéi deen hie festhale wollt.
Weider gëtt him virgeworf, am Mee 2025 op der Gare zu Freiburg bei enger Identitéitskontroll d'Beamte vun der Bundespolizei beleidegt a sech der Policegewalt widdersat ze hunn.
Kuerz drop, och am Mee, soll de Mann beoptraagt gi sinn, eng weider Persoun unzegräifen. D'Affer huet ënner anerem Prellungen an zwee Kiferbréch erlidden, misst operéiert ginn an zwou Wochen am Spidol verbréngen.
D'Police huet de Mann e Méindeg um Grenziwwergang bei Waasserbëlleg un d'Bundespolizei iwwerreecht.