Äerdbiewen am VenezuelaElo siwe Lëtzebuerger Spezialisten op der Plaz am Asaz

Jeannot Ries
Knapp eng Woch no den déidlechen Äerdbiewen a Venezuela koordinéieren och siwe Lëtzebuerger Experten d'Rettungs- an Hëllefsaarbechten an deene besonnesch schwéier betraffene Gebidder.

Reagéiert, gouf ganz séier. Um drëtten Dag nom uergen Äerdbiewe sinn den Andrea an de Fabio Niccoletti owes spéit zesumme mam Brice Tavernier an der venezuelanescher Haaptstad Caracas ukomm. Vun do aus goung et weider an eng vun deenen am uergste getraffen Zonen: La Guaira.

Et ass fir alle béid hire véierten Asaz an engem Katastrophegebitt. D'Bild, wat sech hinnen do gebueden huet, war eent vu grousser Zerstéierung.

"La Guaira ass éischter beim Waasser an do ass éischter méi Sand. An d'Experten hunn eis gesot, dass beim Äerdbiewen dat esou gewackelt huet, dass de Sand um Fong flësseg ginn ass, an dofir déi meescht Gebaier zu La Guaira zesumme gefall sinn", sou de Fabio Nicoletti, Member CGDIS, deen den Ament fir de European Civil Protection Mechanism am Asaz ass.

La Guaira ass "Ground Zero"

Et kann een dervun ausgoen, datt d'Stad um Mier "Ground Zero" vun dësen duebele Biewen ass. Op der Längt vun e puer Kilometer sinn d'Gebaier laanscht d'Mier an e Koup gefall. Dausende Mënsche ginn hei weider vermësst an d'Hëllef leeft op vollen Touren.

"Déi ganz Koordinatioun ass wierklech elo um Héichpunkt vum Schaffen. An dat wierklech mat extreemen Temperaturen, immens waarm an eng immens grouss Loftfiichtegkeet, déi natierlech och d'Aarbechten net nëmme vun den Hënn – vun de Rettungshënn – mee och vun den Ekippen erschwéiert", sou den Temoignage vum Andrea Nicoletti.

"D'Leit kucken d'Realitéit an Aen"

Lues a lues ginn d'Awunner vu La Guaira sech es bewosst, datt vill Familljemember, Frënn, net méi gerett kënne ginn. Parallel organiséiert sech d'Liewen tëscht de Ruinen.

Waasser an Iessen gi verdeelt. Gedeelt gëtt dat wat do ass, och mat Häerz, mat de Rettungsekippen aus aller Welt.

Elo, sechs Deeg nom Äerdbiewe geet d'Phase vun de Rettungsefforte sou wäit op en Enn. Konzentréiert gëtt sech op déi Iwwerliewend, déi vill Blesséiert.

Als Member vun der Ekipp vum Europäesche Civil Protection Mechanism ass et d'Missioun vun den dräi Leit vum Lëtzebuerger CGDIS, Hëllef ze koordinéieren.

Den Andrea Nicoletti erkläert:

Wat fir Prioritéite ginn am Land gebraucht? Eng Kéier um Niveau vun de Rettungsekippen, Rettungshënn, mee och Pompjeeën an déi Leit, déi ënnert d'Trümmer ginn. An da schonn den zweete Volet, fir ze kucken, wat vun techneschem Material gebraucht gëtt, fir am Fong an dëser Kris wieder ze maachen. Wann dat bis fäerdeg ass, ass et esou, dass mir als EU-Team zeréck op Bréissel alleguerten déi Besoinen zeréckginn. An déi Länner vun der EU, plus déi 10 Länner, déi matmaachen am europäesche Civil Protection Mechanismus, offréieren dann dee Moment Capacitéiten, mee och Experten, déi dann op d'Plaz kommen.

Siwe Lëtzebuerger Experten hëllefen direkt mat op der Plaz am Venezuela. Dräi Membere vum HIT, enger Unitéit vum CGDIS, déi fir den Europäeschen Zivil Mechanismus am Asaz ass.

Weider zwee Lëtzebuerger, déi fir d'Agence vun de Vereenten Natiounen d'Koordinatioun maachen. An dann nach zwee Mann, déi mam Kommunikatiounsmodul emergency.lu um Terrain sinn.

Back to Top
CIM LOGO