No déidleche Schëss zu StadeMandat d'arrêt wéinst sechsfachem Mord géint Familljepapp

AFP, iwwersat vun RTL
De Mann, deen zu Stade an engem Foyer fir jonk Mamme sechs Leit erschoss huet, gëtt wéinst sechsfachem Mord ugeklot.
Nach den tödlichen Schüssen in einer Jugendhilfeeinrichtung in Stade hat das Amtsgericht der niedersächsischen Stadt gegen den mutmaßlichen Täter Haftbefehl wegen sechsfachen Mordes erlassen.
Forensiker virum Foyer zu Stade, an deem dem 29. Juni 2026 sechs Leit erschoss goufen.
© AFP

No den déidleche Schëss an engem Foyer fir jonk Mammen zu Stad huet d'Amtsgeriicht e Mandat d'arrêt wéinst sechsfachem Mord géint de presuméierten Täter ugeuerdent. D'Geriicht wier der Demande vum Parquet nokomm, heescht et en Dënschdeg den Owend. De 45 Joer ale Mann gouf deemno an de Prisong bruecht. Déi zwou verdächteg Frae goufen dogéint fräigelooss.

De Mann soll deem Parquet no wärend engem Hëllefsgespréich ënnert Bedeelegung vu Mataarbechter vun der Struktur an dem "Jugendamt" op eemol op d'Mataarbechter geschoss hunn, fir si ëmzebréngen. Hannergrond vun der Dot war éischten Erkenntnisser no e Suergerechtssträit. An der Struktur hunn déi dräi Méint al Duechter vum presuméierten Täter an déi 34 Joer al Mamm gewunnt. Kuerz no de Schëss gouf de Verdächtegen, dee mat engem Auto geflücht war, vun der Police gestoppt a festgeholl.

Engem Artikel vum "Spiegel" no soll de Verdächtege säin dräi Méint aalt Kand gerëselt an doduerch a Gefor bruecht hunn. En Dokter konnt entspriechend Blessure beim Puppelche feststellen. De 45 Joer ale Mann aus Garbsen an der Regioun Hannover an d'Mamm waren deemno getrennt. Dem "Spiegel" no gouf et e Sträit ëm d'Suergerecht, an deem e Geriicht am Abrëll an am Mee zwee Mol decidéiert hat.

Back to Top
CIM LOGO