Sachsen-AnhaltZwou Persoune stierwe bei Brand a Fleegeheem, 62 Joer al Awunnerin festgeholl

RTL mat AFP
Zwou Persoune si bei engem Brand an engem Fleegeheem an Däitschland ëm d'Liewe komm, wärend eng 62 Joer al Awunnerin ënner Verdacht steet, d'Feier ausgeléist ze hunn.
Insgesamt goufe ronn 50 Persoune vun de Secouriste gerett, dorënner och zwou Mataarbechterinne vum Heem.
© SVEN HOPPE/dpa Picture-Alliance via AFP

Bei engem Brand an engem Fleegeheem a Sachsen-Anhalt sinn zwou Persounen ëm d'Liewe komm, 10 weider Persoune goufe blesséiert. Wéi d'Police an de Parquet vun Dessau-Roßlau en Dënschdeg matgedeelt hunn, ass de Brand e Méindeg den Owend an engem Zëmmer am éischte Stack vum Heem zu Köthen ausgebrach.

Zwee Awunner, eng 72 Joer al Fra an e 84 Joer ale Mann, sinn dobäi ëm d'Liewe komm. D'Fra gouf dout an hirem Zëmmer fonnt, de Mann konnt zwar nach aus dem Gebai gerett ginn, ass awer kuerz drop un enger Dampvergëftung gestuerwen.

Eng 62 Joer al Awunnerin steet aktuell ënner Verdacht, de Brand ausgeléist ze hunn. Si gouf virleefeg festgeholl a gëtt e Mëttwoch engem Untersuchungsriichter presentéiert.

Insgesamt goufe ronn 50 Persoune vun de Secouriste gerett, dorënner och zwou Mataarbechterinne vum Heem. Dräi vun de Blesséierte schwiewen nach a Liewensgefor.

D'Patienten, déi a Sécherheet bruecht goufen, goufen op aner Heemer an der Géigend verdeelt.

Back to Top
CIM LOGO