
An den USA huet dat Iewescht Geriicht den allgemengen Droit du sol fir jiddereen confirméiert. Den US-President Donald Trump hat jo probéiert festzeleeën, datt Kanner vun irregulär agewanderte Leit, net automatesch déi amerikanesch Nationalitéit kréien, och wa si an den USA gebuer sinn. De Supreme Court huet déi Mesure awer elo gekippt a fir onrechtméisseg erkläert.
Dëst ass déi zweet schwéier Néierlag vum President Donald Trump, zënter deem dat Iewescht Geriicht am Februar déi meescht vu sengen Douanes-Taxen fir onrechtméisseg erkläert huet.
Déi virun allem konservativ Riichterinnen a Riichter hu mat enger Majoritéit vu sechs zu dräi Stëmme géint dem Trump seng Pläng gestëmmt. Mat engem Dekreet aus dem Januar 2025 wollt den US-President verhënneren, dass an den USA gebuere Kanner vu Migrantinnen a Migranten ouni Openthaltsgeneemegung oder vun zäitweis agereeste Leit weider automatesch agebiergert ginn.
D'Riichter hunn doranner awer konkret e Verstouss géint de 14. Verfassungszousaz vun 1868 gesinn, dee grondsätzlech all Kand, dat an den USA gebuer ass, d'US-Staatsbiergerschaft garantéiert.