Ëmstriddent GesetzFranséisch Assemblée nationale mécht Wee fräi fir aktiv Stierfhëllef

AFP, iwwersat vun RTL
Déi franséisch Nationalversammlung huet de Wee fir e Recht op Stierfhëllef fräigemaach. D'Deputéiert hunn en Dënschdeg en entspriechend Gesetz ugeholl.
Die französische Nationalversammlung stimmt am Dienstag darüber ab, ob unheilbar kranken Menschen das Recht auf Hilfe zum Suizid zu gewährt werden soll. Passiert der Gesetzentwurf die Kammer, wird sich im nächsten Schritt der Senat damit befassen.
Déi franséisch Assemblée nationale huet en Dënschdeg doriwwer ofgestëmmt, ob onheelbar krank Leit d'Recht op Hëllef beim Stierwe kréie sollen.
© AFP/Archiv

Deemno solle volljärege Patienten, déi un enger net heelbarer Krankheet am Endstadium leiden a bei Bewosstsinn sinn, ëm "Hëllef beim Stierwe" froe kënnen.

Dem Projet de loi no kann en Dokter dat déidlecht Mëttel eréischt no enger Berodung mat aneren Doktere verschreiwen. De Patient soll d'Mëttel an der Reegel selwer anhuelen, ka sech awer vun engem Dokter oder engem Fleeger hëllefe loossen, wann e kierperlech net dozou an der Lag ass.

Kritiker dorënner déi franséisch Bëschofskonferenz, warnen, datt d'Méiglechkeet zu assistéiertem Suizid d'Dier zu Mëssbrauch opmaache kéint - andeem sech onheelbar krank Leit ënner Drock gesat fille kéinten, fir aneren net zur Laascht ze falen. Supporter verweisen iwwerdeem dorop, datt onheelbar krank Leit d'Méiglechkeet sollten hunn, selwer ze decidéieren, hiert Leed ze verkierzen.

D'Reform vun der Stierfhëllef sollt eent vun de grousse Gesetzer vum President Macron senger zweeter Amtszäit sinn. Well et awer esou ëmstridde war, gouf et an zwee Deeler gespléckt. Schonn am Februar hat d'Parlament e Gesetz gestëmmt, dat d'Palliativversuergung weider ausbaue soll.

A Frankräich stierwen dem Verband fir Palliativfleeg no deeglech 500 Leit, déi keen Zougang zu Palliativmedezin hunn, obwuel si se bräichten. Palliativmedezin traitéiert net d'Krankheet selwer, hëlleft awer géint d'Péng, verbessert d'Liewensqualitéit an hëlleft de Betraffenen an hire Familljememberen.

D'Gesetz fir d'Stierfhëllef geet elo op en Neits un de Senat, deen et awer viraussiichtlech refuséiere wäert. D'Regierung hat der Assemblée nationale awer schonn dat lescht Wuert ginn. Deemno gëtt domat gerechent, datt d'Gesetz de 15. Juli definitiv ugeholl gëtt.

Bis ewell war aktiv Stierfhëllef a Frankräich verbueden. An de leschten zwee Joerzéngte goufen déi gesetzlech Reegelungen awer e puer Mol gelackert. Zanter 2005 dierfen Dokteren op Wonsch vum Patient oder bei aussiichtsloser Behandlung Moossname stoppen oder ënnerloossen, déi liewensverlängerend wieren. Zanter 2016 hunn onheelbar krank Leit am Endstadium d'Recht dorop, staark Medikamenter géint d'Péng ze kréien, déi d'Stierwen acceleréiere kënnen.

Back to Top
CIM LOGO