
Dausende Mënsche sinn e Samschdeg an däitsche Stied wéi Hamburg, Köln, Berlin a München op d'Stroosse gaangen, fir sech fir den Ausbau vun erneierbaren Energië staark ze maachen. Zu Köln waren et ronn 30.000 Demonstranten, zu Berlin 24.000. Déi Chifferen nennen op d'mannst d'Organisateuren. D'Police schwätzt vu vill méi niddregen Zuelen. Zu Berlin zum Beispill vu just 9.000 Participanten.
Wéinst der Hausse vun den Energiepräisser op Grond vum Iran-Krich an den ëmmer méi schroe Konsequenze vun der Klimakris wier et enorm wichteg, fort ze komme vu fossillen Energien, huet et vun den Initiateure vun de Protester geheescht. Ënnert anerem Greenpeace, WWF a Fridays for Future verlaangen, datt d'Sonn- a Wandkraaft méi séier ausgebaut gëtt.
D'Klimaaktivistin Luisa Neubauer sot zu Berlin, et wiere Leit aus alle Generatioune komm, "fir sech hei mat eis anzesetzen". Däitschland géing "mol nees an enger fossiller Energiekris stiechen". Och vill Entreprisen a Verbänn wiere komm, well et am "ekonomeschen Interessi" wier, "datt mir Zukunftstechnologië stellen".
D'Neubauer huet der Bundeswirtschaftsministesch Katherina Reiche eng Blockad reprochéiert. "Mir mierken, datt d'Deputéiert am Bundestag, datt d'Ekonomie onroueg gëtt an do net méi matmaache wëll", sot si der Noriichtenagence AFP géigeniwwer. Et wier "dramatesch, wéi vill vun de Parteien, ugefaangen natierlech bei CDU an CSU, mä och Deeler vun der SPD, weiderhi mengen, et kéint mat esou engem fossille Cours iergendwéi eng Zukunft gestallt ginn".
D'Motto vun den Demonstratioune war "Erneierbar Energië verdeedegen!". D'Organisateuren hunn der Ministesch virgeworf, d'Energietransitioun unzegräifen. Hir Gesetzespläng géingen den Ausbau vun den erneierbaren Energië bremsen. Dobäi geet et ënnert anerem ëm d'Heizungsgesetz, d'Kraaftwierksstrategie fir de Bau vun neie Gaskraaftwierker, d'Neifaassung vum Erneierbar-Energië-Gesetz (EEG) oder den Netzpak.