Stuerm an NeiséilandDausende Leit ouni Stroum, honnerte Vollen annuléiert

RTL Lëtzebuerg
D'Ëmgéigend vun der neiséilännescher Haaptstad Wellington leit ënnert engem Stuermdéif. Vill Leit hunn aktuell kee Stroum an de Fluchverkéier ass staark betraff.
Stuerm an Neiséiland suergt fir Stroumausfäll an annuléiert Vollen
D'Ëmgéigend vun der neiséilännescher Haaptstad Wellington leit ënnert engem Stuermdéif. Vill Leit hu kee Stroum an de Fluchverkéier ass staark betraff.

Wärend Europa ënnert der Hëtzt leit, huet Neiséiland mat schroe Wiederen ze kämpfen. An der Regioun ronderëm d'Haaptstad Wellington ass bei dausende Leit de Stroum ausgefall. Iwwer méiglech Blesséierter oder souguer Affer ass nach näischt gemellt.

Donieft si wéinst dem staarke Wand entretemps méi wéi 200 Vollen um Fluchhafe vu Wellington annuléiert ginn. Fligere kënne weder starten, nach landen a mussen deviéiert ginn.

Den nationale Wiederdéngscht MetService mellt, dass de Stuerm am Laf vum Samschdeg erëm wäert noloossen. Réischt virun zwou Wochen hat Neiséiland mat staarke Stierm ze di gehat.

Back to Top
CIM LOGO