
De Sergei Aksjonow, Gouverneur vun der vu Moskau installéierter Regionalregierung, huet an de Soziale Medie gemellt, dass d'Aféiere vum Ausnamezoustand an der Republik Krim an an der Stad Sewastopol dozou déngt, finanziell, vertraglech an aner Rechtsverhältnisser ze uerdnen an d'Methode fir d'Reguléierung an den Ausgläich vu Schied, déi entstane sinn, ze vereinfachen.
D'Ukrain huet bei schwéieren Attacken op d'Hallefinsel an de leschte Méint militäresch Ariichtungen an Energieanlagen an d'Viséier geholl huet an ënnert anerem fir Stroumausfäll an de Stopp vum Verkaf vu Bensinn gesuergt. D'Infrastrukture si betraff. Ënnert anerem ass dem Wladimir Putin seng Krim-Bréck tëscht dem Landwee an der Hallefinsel schwéier getraff ginn. Déi ukrainesch Hallefinsel Krim, déi Russland 2014 annektéiert huet, ass fir Moskau e wichtege Stëtzpunkt an der Logistik fir de Krich géint d'Ukrain.